Schengen, "Wiege des grenzenlosen Europas"

Mat der Ënnerschrëft vum Schengener Ofkommes um Schëff M.S. Princesse Marie-Astrid schreiwen d'BeNeLux Länner souwéi Däitschland a Frankräich am Juni 1985 europäesch Geschicht. Dëst Ofkommen fir d'Grenzkontrollen ofzeschafen, representéiert e Meilesteen um Wee fir d'europäesch Integratioun a bréngt den Numm vum klenge Wäibauduerf am Dräilännereck an d'Weltöffentlegkeet.

Schengen ass vill méi wéi nëmmen Europa. Déi fantastesch Landschaft mat hire Wéngerten, Naturreservater a Bëscher bitt eng eemoleg Naturerfarung. Déi regional Kichen an präisgekréinten Wäiner loossen d'Häerzer vun de Gourmeten méi séier schloen.

Genéisst déi aussergewéinlech Wanderlandschaft mat enger wonnerschéiner Vue op de Museldall, d'Vëlosweeër an d'Baggerweieren zu Riemeschen. Do kënnt Dir wonnerbar  schwammen a bueden oder ganz entspaant op der schéiner Plage d'Séil baumelen loossen.

KONTAKTÉIERT

+352 23 60 93 11
info@schengenasbl.lu
www.visitschengen.lu

TOP