Dalheim

Réimesch Reschter - e Patrimoine ze entdecken

D'fruchtbar Land huet vill Vëlker ugezunn.

Fréier war Duelem déi gréisst Réimesch Kolonie zu Lëtzebuerg.

Wéinst senger geografescher Lag mat senger Panoramavue, huet Duelem e wichtege Roll an der Planung vum Stroossennetz gespillt andeems Duelem eng Etappe (Ricciacus genannt) tëscht Metz an Tréier ausgemaach huet.

Dës Strooss huet eng wichteg Achs um Niveau vum Handel representéiert. Domat huet Duelem sech zu enger Stad mat Tempelen, engem Theater, ëffentleche Gebaier entwéckelt an e Refuge fir Händler ugebueden.

Elo kënnen déi gutt konservéiert Iwwerreschter vu Juni bis September inklusiv besichtegt ginn, all Samschdeg a Sonndeg tëscht 15.00 an 18.00 Auer. Visiten gin organiséiert an dëser selwechter Zäit um éischte Sonndeg vum Mount.

Informatiounen op www.ricciacus.lu

KONTAKTÉIERT

www.ricciacus.lu

TOP