Déi al Stad vun de lothréngeschen Herzogen läit tëschent 2 Hiwwelen an engem grousse Meander vun der Musel. An den ale Gaassen kann ee vill Haiser am Stil vun der Renaissance bewonneren. Op engem Felsviirsprong deen d’Stiedchen dominéiert befënnt sech d’Schlass vun de lothréngeschen Herzogen wat ee vun den eenzegen Kasteller aus dem XI. Joerhonnert  aus dem Oste vu Frankräich ass deem séng Réngmaueren, Kasematten an Schéisstier nach an engem imposanten Zoustand sin. Et ass och zu Sierk  wou sech d’Kapell Marienfloss befënnt, Plaz wou de Rousekranz am Joër 1414 vum Marguerite de Bavière op Initiativ vu sengem Beichtpapp Adolphe d’Essen a vum Dominique le Chartreux geschaf gouf.

Verméigen

  • D’Schlass vun de lothréngeschen Herzogen XII. Joerhonnert
  • D’Monuments aux morts vu Sierk (Krich vun 1870, Éischten an Zweete Weltkrich, mee och e rart Monument wat den däitschen Doudegen gewidmet ass a sech um Kiirfecht befënnt)
  • Al cense vu Koenigsberg : Agangspaart, d’Haus vum Halbpächter, monumentale Buer
  • Al Gaassen XVI. Joerhonnert an XVII. Joerhonnert.
  • D’Quai’en um Muselufer
  • Quartzitgrouf vu Sierk
  • Israelitesche Kiirfecht, éischten am Joer 1620 an de Grief vum Schlass, deen zweete vun 1720 an den drëtte vun 1820

 

Reliéis Gebaier

D’Kierch Nativité-de-la-Bienheureuse-Vierge-Marie.

D’Kapell Marienfloss.

KONTAKTÉIERT

+33 3 82 83 82 15
contact@siercklesbains.fr
www.siercklesbains.fr

TOP