OPECH a seng Annexe BELMACH an HÉICH-OPECH

Opech befënnt sech op der däitscher Säit un der « franséisch-däitsch-lëtzebuerger »Schnëttstell. D‘Hammelsberger Naturreservat ass e kuckeswäerte Site. Wärend schéine Spadséiergäng fënnt een hei vill verschidden Orchideeënzorten. D’Schleis Pierre Ricard befënnt sech vis-à-vis vum Duerf Schengen dat weltwäit fir de Schengener Vertrag bekannt ass. Des Schleis ass 172m laang. Se gouf am Joer 1964 am Bäisinn vun der Grand-Duchesse Charlotte, vum President Lubtke fir Däitschland a vum Generol de Gaulle ageweit.

 

Reliéisen Tourissem

  • Porkiirch Hellegen Donatus ; réimesche ronne Klackentuerm XII. Joerhonnert ; huet d’Kapell Hellege Léonard ersat déi am éischte Véierel vum XVII. Joerhonnert op Käschte vum Louis de Bettainvilliers fir d’Aarbechter vun der Schmatt déi hien just geschaf hat a vun där haut just nach de Klackentuerm steet gebaut gouf ;dat aktuellt Haaptschëff gouf am Joër 1832 gebaut;
  • D’Kapell Notre-Dame-des-Sept-Douleurs zu Héich-Opech, gebaut 1718 ;
  • D’Kapell « Saint-Antoine de Padoue » zu Belmach XVIII. Joerhonnert

Opech befënnt sech och um Wee vu Santiago de Compostela.

 

Waassertourissem

  • Méiglechkeet vu Spadséiergäng um Stau a bei der Schleis vun Opech

3 Wäschbier gëtt et an der Gemeng ze gesinn, dee vu Belmach, Haut-Apach, dee mat Hëllef vun de Schüler vun der Sektioun Blechwueren vun der Beruffsschoul vu Landres renovéiert gouf an deen nieft der Gemeng.

KONTAKTÉIERT

+33 3 82 83 81 72
mairie.apach@wanadoo.fr

TOP