Perl am Dräilännereck ouni Grenzen

Hei wiisst Europa zesummen

Op kaum enger anerer Plaz passt dëse Saz och nëmmen hallef sou gutt. Perl läit am Dräilännereck Däitschland, Lëtzebuerg a Frankräich direkt nieft der lëtzebuergescher Gemeng Schengen. D'Schengener Ofkommes gouf de 14. Juni 1985 op der M.S. Princesse Marie-Astrid der Lëtzebuerger Säit ënnerschriwwen a steet säitdeem fir e gemeinsaamt Europa ouni Grenzen.
D’ Gemeng Perl erstreckt sech vum schéine Museldall bis zu de grousse Felder vum Saargau. Am Landkrees Merzig-Wadern, dem grénge Krees, hellt Perl net nëmme raimlech eng extra Positioun an. Opgrond vun der Grenzlag kann d'Muselgemeng, anescht wei den allgemengen Trend, säit Joren en unhalende Wuesstem vun der Bevëlkerung opweisen. Fir den Zäitraum vun 1998 bis haut ass en Zouwuess vu ca. 40% ze dokumentéieren. Dësen aussergewéinleche Wuesstem ass virun allem op Leit zréck ze féieren, déi dohi plënneren. Den Undeel un auslännesche Biergerinnen a Bierger an der Gemeng läit aktuell bei méi wéi 35 Prozent, a méi wéi 60 verschiddenen Natiounen. Dësen interkulturelle Kader mat zwou Staatsgrenzen a ville verschiddene Aflëss vu Kultur a Sprooch präägt dat ëffentlecht Liewen a gëtt Perl eng aussergewéinlech Dynamik.

Entdecken | Erliewen | Genéissen
Niewent der staarker Dynamik an engem intressanten Aarbechtsmaart ass den Dräilännereck virun allem als touristesch Regioun bekannt. Als Paart zu der "Premiumwanderregion Saar-Hunsrück" zielt Perl zu de beschte Wanderdestinatiounen an Europa. Zu Perl hunn direkt zwee vun de schéinste Wanderweeër aus Däitschland hire Startpunkt: de “Moselsteig” an de “Saar-Hundsrück-Steig”. Gläichzäiteg bidde verschidde Premiumwanderweeër herrlech Méiglechkeete fir d'Regioun bei Dagestouren ze erliewen. Genau sou spannend an ofwiesslungsräich ass en Entdeckungstour mam Tourevëlo oder mam Mountainbike. De “Moselradweg” zielt am Moment zu den 10 beschte Vëlosweeër an Däitschland.

Réimescht Ierwen entdecken - Am Uertsdeel Nenneg fënnt een dat gréisst an am beschten erhalent réimescht Mosaik nërdlech vun den Alpen. Zudeem bitt den Ärcheologiepark réimesch Villa Borg en déiwen Abléck an d'réimesch Liewen. Dëst gouf Ufank vum 20. Joerhonnerts entdeckt a säit 1987 ausgegruewen. Haut ass des Anlag, déi aus engem Härenhaus, engem Wunn- a Wirtschaftsgebai, enger réimescher Buedanlag Schwemm, enger Tavern a Gäert besteet, originalgetrai nogebaut. De Musée weist Originalfondstécker a Repliquen. An der réimescher Tavern kann een haut nach d'Kachkënscht vun den ale Réimer genéissen. Besonnesch kuckeswäert sinn awer och d' "Schloss Berg", de "Park von Nell" mat sengem Barockgaart an d'Buerganlagen zu Sierck-les-Bains a Manderen.

Ganz gutt Restaurant'en a Kellereien, Hoteller an Aubergen, sou wéi eng breet gefächert Kultur- a Fräizäitoffer maachen eng Visitt zu Perl onvergiesslech.

Wäibau zu Perl

Exzellent Wäiner vun der saarlännescher Musel
De Wäibau an de Wäi selwer sinn zentral Elementer vun der Kultur a präge säit laangem d'Liewen un der saarlännescher Uewermusel. Wirtschaftlech, gesellschaftlech-kulturell, awer virun allem och tëschemënschlech sinn de Wäibau an d'Wënzer wichteg Bausteng vun der Gesellschaft an der Entwécklung an der Gemeng Perl.

Zu Perl kann ee vill exzellent Wäiner genéissen. Mat hirem klengen awer feinen Ubaugebitt vun ca. 116 Hektar am Dräilännereck ass Perl déi eenzeg Gemeng am Saarland, déi Qualitéitswäin ubaut. De Wäi gehéiert zum Ubaugebitt "Musel" (fréier "Mosel-Saar-Ruwer") an huet haut de Beräichsnumm "Moseltor". Nieft der Musel ginn am Saarland nëmmen op ca. 0,5 Hektar Landwäiner ugebaut.

An der Vergaangenheet hunn zu Perl virun allem Elblingriewen dominéiert. An de leschte Joren huet sech awer eng Dominanz bei de Burgunderriewen erausgebilt. Des Weidere ginn ënner anerem d'Riefzorte Müller-Thurgau a Riesling ugebaut.

E Symbol fir d‘Regioun a seng Geschicht

Säit dem Summer 2018 verschéinert e spannend Konschtwierk vum Claudio Raffaele de Perler Aussiichtspunkt "Dreiländerblick". Eng op den éischte Bléck ganz modern Stee-Skulptur verkierpert op ganz eege kënschtleresch Art a Weis den Dräilännereck an de Wäibau an der Regioun.

Wann ee méi genee kuckt stellt sech eraus dass et sech bei deem scheinbar futuristesche Wierk em e Grenzsteen handelt. De grousse Sandstee mat sengen dräieckege Fundament steet als Zeeche fir eisen Dräilännereck. Um Fundament stinn déi dräi Ofkierzunge vun de Länner D - F - L. Genausou bewosst ass och d'Plaz fir den Aussiichtspunkt "Dräiländerblick" erausgesicht ginn > NET d’Plaz fir den Aussichtspunkt ass bewosst erausgesicht gin mee d’Plaz fir d’Sklptur! >>> Deementspriechend gouf och entscheet d’Skulptur op dem Aussiichtspunkt mam Numm “Dreiländerblick” opzestellen. D’Skulptur an d’Plaz mussen als Gesamtkonschtwierk betruecht ginn.

Déi besonnesch Lag direkt beim Perler Hasenberg steet awer net nëmme fir den Dräilännereck. Den Hasenberg zielt zu de beléiwste Wäilagen an der gesamter Regioun. Net ouni Grond huet den deemolege Kinnek Friedrich Wilhelm lll. vu Preusse beim Wiener Kongress 1815 am Kader vun der territorialer Verdeelung Uspréch op d'Wäibaulag gestallt. Des gutt Lag mat hirem éischtklassege Wäin huet missen zu sengem Gebitt gehéieren. Dëse Wonsch ass och fir déi haut e bëssen onüblech verlafend Grenz verantwortlech. Eis spannend Konschtwierk gräift och dëst Thema op seng eegen Aart a Weis op. Wann ee vun uewen e Bléck op déi opgesaten Edelstohlkonstruktioun geheit erënnert d'Banneliewen un d'Veräschtelung vun enger Wäirief.

Nieft dëser symbolescher Duerstellung vum Dräilännereck a vum Wäibau sinn och déi benotzte Materialer ganz bewosst erausgesicht ginn. De Sandsteen als wiederbestännegt Element symboliséiert déi iwwer Jorhonnerter fest zesummegewuesse Kultur vun der Regioun, ganz onofhängeg vun de jeeweilege Grenzverleef an Herrschaftuspréch vun den eenzelen Epochen. Genausou bewosst ass d'Verkierperung vum Wäibau duerch den Edelstohl entstanen. D'Perler Wäiner gi vu Wäikenner als Qualitéitswäiner geschätzt.

Archeologiepark Réimesch Villa Borg

Wéi kann een sech d‘Liewen op engem réimesche Landgutt an der Antik am Detail virstellen?
Taucht an déi spannend a lieweg Welt vun der réimescher Villa Borg an! Déi eenzegaarteg rekonstruéiert Anlag léisst erahnen, wéi een als Privilegéierten an där Zäit gelieft huet. De Fräiliichtmusée mam archeologesche Musée, der schéiner Schwemm, den harmonesche Gäert, den Tagungs- a Festraim, dem "Torhaus", der réimescher Kichen an der réimescher Tavern lueden a fir e puer Stonnen do ze verbréngen.
Den Archeologiepark begréisst seng Gäscht mat ëmfangräichen Erneierunge wéi dem zäitgeméissen Aganksberäich, dem barrièrefräie Parking, den zoutraulechen Déieren, dem moderne Multimediadesch an de belieften Handwierkerhütten. Vill Evenementer fëllen d'Landgutt dat ganzt Joer iwwer mat Liewen.

Geschicht vun der Villa Borg
Den Archeologiepark réimesch Villa Borg ass no méi wéi 30 Joer Ausgruewung a Rekonstruktioun zu engem vun den Unzéiungspunkten an der Regioun ginn. De gesamte Komplex veranschaulecht de ville Visiteuren op héichandrocksvoll Weis déi verschidden Aspekter vum réimesche Landliewen. Des Anlag ass op hir Aart a Weis eemoleg an Europa.
Nieft de Gebaier, bei deene probéiert gouf der Architektur sou no wéi méiglech ze kommen, goufen och Gaardenalage geschaf, déi d'Gesamtbild ofronnen. Duerch déi ëmmer nach duerchgefouert Gruewungen an déi domat verbonnen Erkenntnisser verännert sech d'Bild vun der Anlag kontinuéierlech.

Historesch Entwécklung
De Schoulmeeschter Johann Schneider huet virun iwwer 100 Joer tëschent Borg an Oberleuken Spuere vun enger réimescher Siidlung entdeckt an huet fir d'éischt méi kleng Ausgruewunge virgeholl. Säit dem 1. Abrëll 1987 gëtt et elo zu Borg vun der Kultustëftung fir de Landkrees Merzig-Wadern an Zesummenaarbecht mam staatlechen "Konservatoramt", mat der Aarbechtsverwaltung a mat der Gemeng Perl eng réimesch Villa wëssenschaftlech ausgegruewen. Et huet sech erausgestallt, dass hei d'Iwwerreschter vun enger vun de gréisste réimesche Villenanlagen am Saar-Mosel-Raum verbuerge leien.

Rekonstruktioun
1994 gouf entscheet, de gesamte Gutsbezierk gemäß de Gruewungsresultater an dem haitege Stand vun der Villenforschung erëm operstoen ze loossen. Deemno goufen an Joren dono d'Schwemm mat der Tavern, d'Härenhaus mat musealer Ariichtung, de Bannenhaff, de Wunn- a Wirtschaftstrakt, d'Paartenanlag an déi réimesch Kiche rekonstruéiert. Duerch déi lafend Aarbechte verännert sech d'Erscheinungsbild vun der Villa quasi deeglech. D'Gruewungen op enger Fläch vun iwwer 7,5 ha gi weider.

Réimescht Buedemmosaik zu Nenneg

Den imposante Mosaikbuedem vun der réimescher Villa Nenneg zielt zu de bedeitendsten, iwwerregional erausstiechenden archeologeschen Denkmaler vum Saarland. E weist eng beandrockend Gréisst vun 160 m2 op an ass domat dee gréisste bekannte Mosaik nërdlech vun den Alpen.

De Mosaikbuedem huet am drëtte Joerhonnert n.Chr. den Atrium vun engem grousse réimesche Guttshaff verschéinert. Duergestallt sinn Zeenen aus dem réimeschen Amphitheater. Sechs aachteckeg Bildfelder stellen Déierenhetzen an Schaukämpf duer, dat siwent a gréisste Bild a quadrateschem Format weist de bluddege Kampf tëschent zwee Gladiatoren. Déi Biller, déi duerch hire Räichtum un Detailer an duerch hir plastesch Wierkung beandrocken, bezeien den androcksvolle Räichtum vun der Kulturlandschaft bei der Musel viru ronn 2000 Joer.

Entdeckt gouf de Mosaik vun Nenneg 1852, 1854 gouf e schonn duerch een eegene Schutzbau geséchert. Dëse Schutzbau ass och haut nach a Betrib an zielt domat zu den eelste Beispiller vu musealer Architektur an Däitschland.

De Steenteppech, deen 1874 rekonstruéiert an 1960 restauréiert gouf, huet eemol d'Emfangshal vun enger Portikusvilla verschéinert, déi am 2. an 3. Joerhonnert n.Chr. gebaut gouf. De Mosaik ass mat senger 15,65 m x 10,30 m grousser, ornamentaler Fläch e Bijou an iwwertrëfft all Mosaik, deen een am Muselraum a réimesche Palais'en a Villa‘e bis elo fonnt huet. Deen net méi erhalene, deemools 140 Meter breeden Haaptbau hat, mat Foyer‘en a Schwemm, eng Gesamtlängt vun 650 Meter. Nëmmen de réimesche Mosaik an der Emfangshal ass erhale bliwwen.

KONTAKTÉIERT

+49 (0) 6867 66 0
+49 (0) 6867 66 100
info@perl-mosel.de
www.perl-mosel.de

TOP