Wëllkomm am Dräilännereck Wëllkomm am Dräilännereck Wëllkomm am Dräilännereck Wëllkomm am Dräilännereck Wëllkomm am Dräilännereck Wëllkomm am Dräilännereck Wëllkomm am Dräilännereck

Evenementer

INSPIRATIOUN

D’Saar-Lor-Lux ass eng vun de schéinsten an historeschste Regiounen an Europa. Hei am Häerz vun der Groussregioun hu sech 12 Gemengen aus Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg zesummegedoe fir hir Heemecht - d'Land, déi touristesch Attraktiounen an d'Evenementer - iwwert d’Grenzen eraus, de Leit méi no ze bréngen.

Attraktioune bei deem engem den Otem stoe bleift

Den Dräilännereck ouni Grenzen ass voll mat historeschen, kulturellen an natierlechen Hotspots. Verfollegt z.B. d'Spuere vun de Réimer an entdeckt beim Grenziwwergang d'Etappe bis zur Eenegung vun Europa am Europamusee. Magesch Schlässer a Buergen entféieren Iech an d'Mëttelalter, sonneg Parke lueden a fir ze raschten an den Apacher Eiffeltuerm erspuert d'Rees op Paräis. Virwëtzeg? Da besicht eis am Dräilännereck ouni Grenzen.

Aventure & Fräizäit

D'Méiglechkeete mobil a monter ze sinn, kleng Aktivitéiten ze starten oder sech bis zur Erschöpfung auszetoben, sinn illimitéiert. Egal wéi eng Zort vu Betätegung Dir léiwer hutt - an eiser Regioun ass ausräichend Ofwiesslung gebueden.

Kultur & Ënnerhalung

Direkt an der Ëmgéigend ginn et vill weider attraktiv Konschtplazen, Theater, Muséeën, Concerten, renomméiert Stied a fantastesch Fester an Evenementer.

Wuelfillen & genéissen

Wonnerbar Restauranten, flott Wäistuffen an e breet gefächerte Repertoire u kulinaresche Spezialitéiten si Balsam fir d'Séil a maachen e Besuch bei eis onvergiesslech.

Regional Diversitéit

Iwwersiicht

  • BËSCH

    circa 12.000 km²
  • PREMIUM WANDERWEEËR

    iwwer 70
  • SIGHTSEEING

    iwwer 1000 Attraktiounen
  • AWUNNER

    ongeféier 4,7 Milliounen
  • ATTRAKTIOUNEN

    onendlech vill Méiglechkeeten fir seng Fräizäit ze gestalten
  • AUSFLUCHZILER

    honnerte vu Parken, Schwemmen a Muséeën
  • EVENEMENTER

    365 Deeg am Joer

Lokalisatioun

D’Gemengen

Däitschland

Google Maps

Mat der Luede vun der Kaart akzeptéiert Dir d'Privatsphärpolitik vu Google.
Léier méi

Luede Kaart

TOP