Contz les Bains,  an den häng vum Stroumbierg geleeën ass bekannt fir säi Wäibaugebitt dat AOC ginn ass (säit2010) a fir seng Joerhonnert al Uergel. All Joer fir d’Festivitéiten vum Hellege Jean, fënnt d’Descente vum brennende Rad statt. Contz heescht säit 1936 Contz-les-Bains, well et zu Sierck dank den thermale Quellen zu Contz, vun deenen déi bekantst déi vum Hellege Jérôme as, eng Waaserheelanstalt gouf. Déi therapeutesch Eegenschaften vum Waasser sin d’sélwescht wéi déi vum Waasser vu Munneref zu Lëtzebuerg.

Reliéisen Tourissem

  • D’Porkiirch Saint-Jean-Baptiste, an neogoteeschem Stil, gebaut vun 1869 bis 1871. D’Uergel Franz Staudt vun 1898 huet 29 Spiller, 2 Clavier’en an eng Trëttkuebel a gehéiert zu de schéinsten Uergelen aus der Lorraine. Oft ass si Objet vun Concert’en a Spektakelen vun héijer Qualitéit déi se dann mat nationalen an internationale renomméierten Artiste verbënnt.
  • D’Kapell Saint-Jean-Baptiste du cimetière, vun der de Chorraum als historescht Monument klasséiert ass. D’Kapell Notre-Dame-des-Sept-Douleurs genannt chapelle du Bœsch um Stroumbierg, gebaut am Joer 1849 fir de Paschtouer Muller vu senge Pormembren.

(Quell Wikipédia)

KONTAKTÉIERT

+33 3 82 83 61 15
contzlesbains@wanadoo.fr
www.mairie-contz.fr

TOP