D’Kreesstad Merzeg läit am Herze vun der Saar-Lor-Lux-Regioun.
Déi nordsaarlännesch Kreesstad Merzeg läit tëscht Saarbrécken an Tréier (jeeweils 50 Kilometer wäit ewech) an engem länglech gestrecktem Dall vun der Saar. Metz a Frankräich a Lëtzebuerg sinn och just nëmme 50 Kilometer wäit ewech. D’Stadgebitt erstreckt sech vun dësem “Merzeger Becken”, an deem sech lénks a riets vun der Saar déi gréisste Staddeeler befannen, iwwer insgesamt 108 km2 bis bei déi lénks a riets usteigend Héichten vum Saargau. Am Stadkär läit Merzeg, 175 m iwwert dem Mieresspigel, weider Héichten leien op bis zu 417 m. 3.108 ha Bësch, 60 ha Erhuelungsflächen wéi Park- a Grénganlagen, 5.862 ha landwirtschaftlech a gäertneresch genotzte Flächen an 128 ha Waasser maache Merzeg mat engem Gréngflächenundeel vun iwwer 80 Prozent zu enger “grénger” Stad.
Geschicht
Merzeg geet op keltesch-réimesch Urspréng zréck, woubäi en Deel vun den Dierfer, déi haut zum Stadgebitt gehéieren, Grënnunge vun der fränkescher Landgräifung am 7. Joerhonnert sinn. Vum Héichmëttelalter bis zum Schluss vum 18. Joerhonnert war Merzeg den Haaptuert vum Kondominium (Gemeinherrschaft) Merzeg-Saargau, wat vun den Tréierer Bëscheef, Kurfürsten a vun den Herzög vu Lothréng zesummen verwalt gouf. 1778 gouf Merzeg vum Kurfürst Clemenz Wenzeslaus zum kurtriereschen Amtssëtz erhuewen. Dëse wichtegen Abschnitt vun der Merzeger Geschicht spigelt sech am Merzeger Stadwopen zréck, op deem souwuel dat rout kurtrierescht sou wéi och dat schwaarzt lothréngescht Duebelkräiz ze gesi sinn.
Obwuel Merzeg säit dem fréie Mëttelalter e wichtegt Verwaltungszentrum, Geriichtssëtz a bedeitend Maartplaz war huet et bis an d'19. Joerhonnert gedauert, bis de Preussesche Kinnek Merzeg de 14. November 1825 och formell d'Stadrechter unerkannt huet.
D'Kreesstad Merzeg gouf 1974 am Kader vun enger Gebittsreform aus der fréierer Stad Merzeg a 16 Ëmlandgemengen nei gebilt an zielt haut mat senge 17 Staddeeler ronn 30.000 Awunner. Merzeg ass als Kreesstad net nëmme Sëtz vun der Kreesverwaltung vum Landkrees Merzeg-Wadern, mee och vu villen anere Verwaltungen wéi d'Amtsgeriicht, d'Finanzamt oder d'Aarbechtsamt.
Viez a Wäiregioun Merzig
De Viz spillt an eiser Stad eng ganz besonnesch Roll. „Merziger macht herziger“ heescht de Slogan mat deem d’Merzeger Fruuchtsaaft GmbH, déi mëttlerweil zur Niehoffs Vaihinger-Grupp gehéiert, eis Stad iwwer d’Grenzen eraus bekannt gemaach huet. Merzeg huet opgrond vu senge villen Uebstwisen den Numm „Merziger Äppelkischd“ kritt. Vill Bauere féieren hir gepléckten Äppel an d‘“Süßmosterei“ wou d’Uebst gepresst gëtt.
Traditionell kënnen d'Visiteuren den 1. Samschdeg am Oktober beim Vizfest déi verschiddenst Viz-Spezialitéite schmaachen. Ronn 30 regional Veräiner suerge fir kulinaresch Genëss an déi entspriechend „Grondlag“.
Wäibau Traditioun
Mat der Uplanzung vun iwwer 1000 Riefstäck an de sonnegen Häng vum Kräizbierg ënnerhalb vun der Kräizbiergkapell gouf déi al Merzeger Wäibautraditioun op en Neits belieft. Den historesche Kräizbierg huet mat senger laanger Geschicht fir vill Merzeger als Hausbierg eng besonnesch Bedeitung. Mat Stolz kucken eis Veräinsmemberen op elo schonn 8 gutt Wäijoergäng zréck mat engem Ertrag vun ongeféier 900 Liter Auxerrois pro Drauwelies.
Weider Informatiounen: www.kreuzberg-merzig.de
KONTAKTÉIERT
+49 (0) 6861 85 0
+49 (0) 6861 85 150
stadt@merzig.de
www.merzig.de