Réimech, d’Pärel vun der Musel

Réimech ass eng kleng touristesch Stad am Dräiläennereck tëscht Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg. Ëmkreest vun engem wonnerschéine Panorama u Wéngerten, Bëscher an der Musel, ass Réimech den Zentrum vum Lëtzebuerger Wäin. D’nationaalt Wäibauinstitut (Institut viti-vinicole) an net manner wéi néng Wënzer hunn hire Sëtz zu Réimech.

D’Esplanade, eng 3km laang Promenade laanscht d’Musel ass net nëmmen eng flott Plaz fir ze flanéiere mä och Deel vu sëllegen Trëppel- a Vëlosweeër. Eng olympesch genormten oppe Schwämm, déi sëllege Spillplazen, de Minigolf an d’Minicars esou wéi eng mobil Äispist am Wanter, suergen dofir dass jiddereen zu all Joreszäit op seng Käschte kënnt.

Hoteller an de verschiddenste Präiskategorien, eng grouss Auswiel u Restaurante fir all Portmonnie a flott Terrasse laanscht d’Musel – zu Réimech ass fir jiddereen eppes dobäi. Pssst: Zu Réimech kritt een déi beschte Pizza wäit a breet.

Wäikultur

Réimech läit an engem Dall ëmkreest vu sëllege Wéngerten, ënnert anerem och de Primerbierg an de Scheierbierg sinn, geleeën a perfekte Lagen a bekannt fir héichqualitativ Wäiner.

Loscht op e gudde Miseler Pättche bei engem vun den 9 Wënzerbetriber zu Réimech?

Kee Problem! D’Offer ass sou vaste wéi de Goût vum Wäin. Sou huet d’Caves St. Martin deen eenzegen a Stee gemeesselte Keller, duerch deen och guidéiert Touren organiséiert ginn. Den Domaine Desom mat sengem Pavillon läit direkt un der Musel wou ee vun der Terrasse direkt op d’Musel gesäit. Oder d’Caves Krier Frères an den Domaine Mathis Bastian, déi uewen a Réimech leien, bidde Vuen iwwer Réimech an Ëmgéigend déi hiresgläiche sichen. Idyllesch a märchenhaft Gäert fënnt e beim Laurent a Rita Kox a beim Domaine Claude Bentz. Dem Benoît Kox säi Wäikeller aus dem 17. Joerhonnert ass sou bekannt op der Musel wéi d’Partyen déi dra gefeiert ginn. Caves Kox-Plyta ass en absolutte Geheimtipp a fir eis ëmmer rëm e Gudde Pättche wäert.

Wësst der, sou ofwiesslungsräich an eenzegaarteg déi eenzeg Kellereie sinn, esou verschidde sinn och hir Wäiner, déi ee beim Wënzer selwer (op Demande) schmaache kann.

Eis Wënzer

Caves Benoit Kox
8, rue Neuve
L-5560 Remich
T. (+352) 621 364 736
E. koxb@pt.lu
W. vinkox.lu

Domaine Desom
9, rue Dicks
L-5521 Remich
T. (+352) 23 60 40 1
E. info@desom.lu
W. desom.lu

Caves Gales
53, route de Stadtbredimus
L-5570 Remich
T. (+352) 23 69 90 93
E. info@gales.lu
W. gales.lu

Caves Kox-Plyta
32A, route de Mondorf
L-5552 Remich
(+352) 23 69 88 82
E. caveskox-plyta@pt.lu
W. caves-kox.lu

Caves Krier Frères
1, montée St Urbain
L-5501 Remich
T. (+352) 23 69 60-1
E. caves@krierfreres.lu
W. krierfreres.lu

Caves St. Martin
53, route de Stadtbredimus
L- 5570 Remich
T. (+352) 23 61 99 1
E. info@cavesstmartin.lu
W. cavesstmartin.lu

Domaine Claude Bentz
36, route de Mondorf
L-5552 Remich
T. (+352) 23 69 92 16
E. cbentz@pt.lu
W. bentz.lu

Domaine Mathis Bastian
3, rue des Eglantiers
L-5551 Remich
T. (+352) 23 69 82 95
E. domaine.mathisbastian@pt.lu
W. mathisbastian.lu

Domaine Laurent & Rita Kox:
6A, rue des Prés
L- 5561 Remich
T. (+352) 23 69 84 94
E. kox@pt.lu
W. domainekox.lu

Natur

Ob Wéngerten, Bëscher, Parken, Waasser oder historesch Gässelcher – zu Réimech fënnt ee vun allem. Et ass déi perfekt Location fir en Trëppeltour ze maache mä awer och fir mam Vëlo ze fueren. Net nëmmen d’Landschaft mécht déi Tier sou eenzegaarteg mä och de kuerze Wee Richtung Schengen, Gréiwemaacher oder souguer Tréier.

Dir hutt kee Vëlo? Rent a Bike um Rez-de-Chaussée vum Centre visit Remich ass op vu Mëtt Mäerz bis Enn Oktober. Hei kann ee Vëloen, E-Bikes an och Dräirieder lounen – och gäre fir direkt e puer Deeg.

Ween d’Musel gär méi gemittlech erliewe wëll ass op enger Schëffstour genau richteg. Navitours an d’Entente bidden d’ganz Joer verschidden Ausflich iwwert d’Musel un. Motto hei: Ofschalte bei engem gudde Pättchen an déi herrlech Vue vun der Musel aus genéissen.

Kultur

Geet een duerch Réimech sou gëtt een Zeie vun enger grousser geschichtlecher Vergaangenheet wéi zum Beispill der Porte St. Nicolas oder dem Kierchtuerm, dee vun der mëttelalterlecher Festung erhale bliwwen ass. Mä och d’historesch Gässelcher wéi den Neie Wee, d‘Fëschergaass oder „um Hondhannen“ ginn Ablécker op hir Urspréng virun Honnerte vu Joren. Um Wee duerch Réimech fënnt een a reegelméissegen Ofstänn sëlleg Skulpturen a Sprangbueren, déi all hir eege Geschicht a Bedeitung hunn. Déi bekanntst sinn hei wuel de Bacchus op der Esplanade, eng Uleedung un de griichesche Wäigott an d’Wäschfraen op der Place Kons (obwuel et där och nach genuch a Wierklechkeet hei ginn).

Fräizäit

Fräizäitaktivitéite fir Grouss a Kleng, egal ob eleng, mat der Famill oder mat Frënn a Kolleegen – Réimech bitt eng Panoplie un Aktivitéite wou fir jiddereen eppes dobäi ass. Zu de beléiftsten Attraktioune fir déi Kleng zielen ënner anerem de Minigolf an d’Minicars, déi verschiddene Spillplazen an de mobillen Trampolin op der Esplanade. Bei de Sportbegeeschterte sti wärend de waarme Méint d’oppe Schwämm, de Skate a Parkour oder d’Petanque-Terraine ganz uewen op der Lëscht. Vun Enn November bis Enn Januar kann een zu Réimech vun enger mobiller iwwerdeckter Äispist profitéieren.

Events

Vu groussen internationale Sportevents wéi dem Ironman, der Route du Vin oder dem Skoda Tour de Luxembourg iwwer thematesch Mäert wéi de Mëttelaltermoart, de Chrëschtmoart op de 4 Adventsweekender oder de grousse Floumoart „Bacchusfescht“ bis hin zu kulturelle Manifestatioune wéi dem traditionelle Crémant a Kultur Festival bitt Réimech d’ganz Joer iwwer e villsäitege Programm fir seng Visiteuren. Nieft dëse groussen Events ass Réimech awer och bekannt fir seng eegen Traditiounen. Esou gëtt all Joers op Äschermëttwoch de Stréimännche verbrannt an op Halleffaaschte fënnt déi traditionell Kavalkade statt.

Hoteler a Restauranten

Als Haapttouristestad op der Musel fënnt een zu Réimech Hoteller fir all Goût a Budget.

Soll et italienesch, italienesch-peruanesch, asiatesch oder awer léiwer eng Friture sinn? Dir fannt op der Pärel vun der Musel och vill Pärelen an der Restauratioun, jidderee fënnt hei Eppes vum klenge bis de ganz groussen Honger.

Fir d‘Camper gëtt et e Campcar Parking an zentraler Lag an direkt bei der Musel, dee 7/7 an d’ganz Joer iwwer op ass.

Gemeng vun der Stad Réimech

Ëffnungszäiten:
Méindeg – Donneschdeg: 8 – 12 Auer / 13:30 – 16 Auer
Freideg: 7 – 13 Auer
All 1. Mëttwoch am Mount: 8 – 12 Auer / 13:30 – 19 Auer

Kontakt:
Place de la Résistance
B.P. 9
L-5501 Remich
T. (+352) 23 692 - 1
E. info@remich.lu
W. remich.lu

 

Centre visit Remich

De Centre visit Réimech, entworf vum lokalen Architekt François Valentiny läit direkt um Bord vun der Musel. Um Rez-de-Chausée vum Gebai fënnt een d'Tourist Info, d’Guichete vun Navitours an der Marie-Astrid esou wéi Rent a Bike. D’Loune vu Vëloen ass hei méiglech vu Mëtt Mäerz bis Enn Oktober.

Ëffnungszäiten:
Dënschdeg-Samschdeg: 10:00–17:00
• Sonndeg & Méindeg: zou

Kontakt:
Centre visit Remich | Tourist Info
1, route du Vin
L-5549 Remich
T. (+352) 27 07 54-16
E. visit@remich.lu
W. visitremich.lu

KONTAKTÉIERT

+352 27 07 54-16
visit@remich.lu
www.visitremich.lu

TOP